Activité réseau routier

18/08/2017 18:11

Trafic Info fir de Weekend vum 18.08 – 20.08.2017 Autobunnen : Mobile Chantier muer Samschdeg vu Moies 9 bis Mëttes halwer 4 op der A 7 a béiden Richtungen tëscht der Jonctioun Grengewald an dem Fridhaff. Do wou se grad du sin ass eng Bunn gespaart. Iwwer Land : „Wämper Loof + Wämper Triathlon“ am Raum Wäiswampech a Wilwerdang muer Samschdeg. Dowéinst sin den CR 336 Wäiswampech – Wilwerdang + den CR 337 Bredelt – Bënzelt während der Manifestatioun fir den Trafic gespaart. An der Stad : Op der Gare ass d’rue du Commerce muer Samschdeg vun Moies 8 bis Mëttes 2 tëscht der Stroossbuergerstrooss an der rue du Fort Wedell gespaart, an d’rue Joseph Junck vu Moies 6 bis Owes 6 tëscht der rue de Reims an der place de la Gare.

18/08/2017 17:58

P&CH : Nuetschantier um Zéissenger Kraiz. D'Bretelle vun der A 6 a Richtung Arel op d' A 4 a Richtung Esch ass den Owend vun 8 bis Mëtternuecht gespaart. Déviatioun via d'Sortie Bartreng.
Vers le haut