Info'en vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Publizéiert den 22. Mäerz 2023
Vun Muer de Moien 9 Auer an bis Muer de Mëtten 4 Auer gëtt zu Nidderkuer geschafft, an dowéinst gëtt den Arrêt Niederkorn Schoul duerch e provisoreschen Arrêt ersat. Betraff sinn hei d’Linnen 608 an 609.
Weider Aarbechten sinn dann vu Muer de Mëtten 4 Auer un tëschent Steebrécken an Leideleng. D’Linnen 611, 612 an D19 kënnen an Richtung Lëtzebuerg den Arrêt Leudelange,- Beetebuergerwee net ufueren. An Richtung Esch / Monnerech ginn d’Arrêt‘en Pontpierre, -Leideleng, -Lëtzebuergeschcours an -beim Kueb net ugefuer. Bei de Linnen 611 an D19 kënnt dobäi dass den Arrêt Pontpierre, -Koppbierg ersat gëtt, an bei der Linn 612 fält d’Lokalitéit Steebrécken ganz ewech. Dëst nach bis den 31. Mäerz.